"Plurilingualism"

« Méisproochegkeet ass eng Chance »
MENJE ( Educatiounsministère )
>

« Dank de Sprooche, fillt een sech iwwerall doheem »

Edmund de Waal

D'Kand entwéckelt sech an engem permanente Sproochebad op Lëtzebuergesch a Franséisch. All aner Sprooch ass e reelle Virdeel fir dat klengt Kand. Fir d'Léieren ze fërderen, beméie mir eis méisproocheg Atelieren opzebauen, andeems mir den Tempo an d'Sensibilitéit vun all Kand respektéieren.
Duerch e sproochleche Kontext, aus dem Kand säin eegent Ëmfeld, vertrauen mir op hiren absorbéierende Geescht fir Informatiounsmengen z'assimiléieren an opzehuelen.
D'Mammesprooch vum Kand: wéi eng och ëmmer déi ass, ass en Deel vun him a sengem Liewen. Et ass fundamental et all Dag ze respektéieren an ze favoriséieren


… D'duuss Wierder Affiche

D’Elteren notéieren déi duuss Wierder, déi d'Kand an senger Mammesprooch berouegen. Wann e Kand getréischt gi muss, benotzt den Erzéier d’Wierder an der Mammesprooch fir hinnen e Gefill vu Sécherheet an Zouwendung ze ginn.

… DE SCHOULUFANK …

D’Grupp “Enfantine” wiert all Dag d'Lëtzebuerger Sprooch benotzen fir d'Kand op den Cycle Précoce mat enger gudder sproochlecher Basis virzebereeden. D'Kand léiert Mathematik, Wëssenschaft, Zeechnen, lauschtert Geschichten, entdeckt pedagogesch Visitten, ... ausschliisslech op Lëtzebuergesch. Wärend dem Joer kann et d'Kultur, d’Gebräicher, d'Fester an d'Traditioune vum Land entdecken.
Mir setzen Entdeckungsdeeg oder Aktivitéiten op, wou d'Kand an déi lëtzebuergesch Sprooch taucht. Et ass essentiell datt d'Landessprooch am Zentrum vun eiser Pedagogie steet fir de Kanner all Chance op Erfolleg an den éischte Schouljoren ze ginn.