Iessen

« Richtegt Kachen ass eng Konschtform. E Kaddo fir ze deelen »
Oprah Winfrey ( literaresch Kritik )
>

Déi richteg Kichen

D'Iesse gëtt op der Plaz virbereet, d’Kächin passt besonnesch op d'Qualitéit an d'Diversitéit vu frësche Produkter den Saisonen no. Si kreéiert equilibréiert a qualitativ Menüen. D’Kächin beméit, dem Alter vum Kand ugepasst an attraktiivt Iessen unzebidden, fir den Appetit unzereegen an de Genoss beim Iessen an beim Schmaachen ze verbesseren.

Mir behalen eng graduell Diversitéit vun de Puppelcher hirem Iessen bäi, wouduerch d'Quantitéit an d'Varietéit erhéicht gëtt jee no Iessrhythmus vun all Eenzelen.

Déi aktiv Participatioun vum Kand un der Virbereedung vu gewësse Rezepter (Iessen oder Gebuertsdagssnack) erwächt all Sënner vum perfekte Gourmet.

Daniela